★ Thé Dansant — Summer X Lounge Opening Éditioun ★
Léif Famill, léif Frënn, léif Autosenthousiasten a Summerfans,
fir déi éischte Kéier invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eisen
★ Thé Dansant — Summer X Lounge Opening Éditioun ★
am GridX zu Wickreng.
Mat schmocken Oldtimer vun @RMF CC a @Retro-Cars Car Club (Retro op der Mess 2026)
🚗💃☀️ Tëscht Chromfelgen, Oldtimer, an dem Geroch vum Summer — danze, lachen, feieren, sangen a sprangen! 🚗💃☀️
★ Musek ★ Sou wéi ëmmer — an dës Kéier mat engem Hauch Doftbeemchen aka arbre magique
★ Deko ★ Oldtimer-Ambiance · Summer Vibes · Sonnenënnergang
♪ ♫ ♩ ♬ ♭ Plakkenopleeër ♪ ♫ ♩ ♬ ♭
- de Jerry - - de Laurent - - de Claude F. - - de Fritz - - den André - - den Tony - - de Petz -
★ um Mikro — de Radiostär vun der A4 — eise wonnerschéine Laurent ★
✩ Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt ✩
★ Bekleedungsempfehlung ★ 🚗 Rockabilly · 50s/60s/70s · Tenue de ville · Sonndesgezei · frësch gewichsten Turnschong!
Lass geet et e Sonndeg den 31. Mee 2026 kuerz no 16h bis de Fritz mat séngem Buick an de Sonnenënnergang an/oder Sonnenopgang cruised!
Organiséiert: Amicale „Sang a Sprang" CLAUSEN / Chic-Events sàrl-s / GridX